- Home
- News
- Manifesto
- Project
- 2013
- Media
- Community
- Contact
Manifesto fir mei Ennerstetzung an manner Problemer fir d’Studenten Mobilitéit
Adresséiert un : EU Parlament, EU Kommissioun, National Regierungen an un all europäesch Universitéite
Léif Studenten an europäesch Matbierger,
Educatioun ass déi mächtegst Äntwert fir eng tolerant a respektvoll Gesellschaft ze erschafen. D’Zukunft vun Europa berout op Bierger déi Mënscherechter respektéieren a Viruerteeler, Haass a Rassismus ofweisen. Et ass noutwenneg der Jugend vun eisem Kontinent ze erméiglechen, Europa a senger ganzer Schéinheet an Diversitéit ze entdecken.
Leit mat ënnerschiddleche kulturellen Hannergrënn kennenzeléiren an Zäit an hirem Heemechtsland ze verbréngen, léiert Toleranz, Respekt a Verständnis. D’Déclaratioun vun de Mënscherechter (§26, par.2) beseet dass d’Educatioun "Verständnis, Toleranz a Frëndschaften tëschent nationalen, kulturell divers a reliéise Gruppen” fördere soll. Dofir ass et noutwenneg eng Studenten-Mobilitéit ze entwéckelen déi sech optimal an de Éducatiounssystem integréiert. Et ass genau esou wichteg dass d’Studente vill iwwert hier géigesäiteg Glawensrichtungen, Wäerter an Traditioune léieren ewéi iwwert Economie, Literatur a Sciencen.
Mir gleewen, dass Studenten-Mobilitéit noutwenneg ass fir d’Iwwerliewe vum Europäesche Projet esou wéi vun den Europäesche Gesellschaften an hirer Globalitéit. Zäit a Plaatz sinn néideg fir en praktescht Verständnis vun Europäesche Wäerter ze erlaangen, Wäerter déi de jonke Leit erméigleche kënnen, endlech eng gemeinsam a staark Europäesch Identitéit ze erschafen.
Am Joer 1999 hunn 27 europäesch Educatiounsministeren de Bologna Ofkommes ënnerschriwwen an d’ “European Higher Education Area” erschaf fir eng méi grouss Mobilitéit ze erméiglechen, an dëst iwwert d’Grenzen ewech. Haut sinn et 47 Länner déi beim Bologna Prozess matmaachen. Zwielef Joer no senger Implementatioun ass vill erreecht ginn duerch Ännerungen an der Struktur vun den Diplomen an duerch d’Entwécklung vun der Europäescher Kapazitéit auslännesch Studenten ze ënnerstëtzen déi zimlech vill Käschte bezuele mussen. Mee d’Mobilitéit krut net den erwaarden Impuls, sief et um quantitativen, esouwuel wéi um qualitativen Aspekt. Se ass ëmmer nach nëmmen erreechbar fir e puer Studenten déi geméiss hirem sozialen Hannergrond gewielt gi sinn. Et ginn ausserdeem nach ëmmer Unerkennungsproblemer no der Austauschzäit.
Hautdesdaags ginn et an der EU keng politesch oder geographesch Limite méi. Et gëtt héich Zäit dass d’Responsabelen a Militanten alles maache fir d’sozial-economesch Barrièrë verschwannen ze loossen. Dës Barrièrë verhënneren nämlech dass d’Ziel erreecht oder souguer iwwerschratt gëtt, dat 2020 op d’mannst 20% vun den Europäesche Studente mobil sinn.
Dofir maache mir en Opruff, un d’Politiker, d’Doyeen, d’Economisten an d’Sociétéit am grousse Ganzen aktiv ze gi fir d’Studenten-Mobilitéit ze ënnerstëtzen!
- D’National Regierunge mussen d'Finanzéierung vun der Mobilitéit frësch iwwerdenken. Accessibel Subventioune sinn fir national Strukturen gespaart, déi weder d'Relevanz vum Desequiliber vun de Mobilitéitsverhalen a ganz Europa, nach den Ënnerscheed vun de Käschte vum deegleche Liewe mat arechnen. De Subventioun Mechanismus soll méi flexibel ginn a soll op kee Fall méi déi kuerz Openthalter géigeniwwer méi laangen Openthalter mat méi Austausch begënschtegen.
- Institutioune fir « Higher Education » musse méi institutionell Verantwortung fir d’Entwécklung vun der Mobilitéit iwwerhuele wann d’Konzeptioun vun de Programmer betraff ass. Eng méi flexibel Konzeptioun vum Curriculum erméiglecht éischter en Openthalt am Ausland ewéi streng ageschränkte Curricula. Eng europäesch Richtlinn fir bescht Praktike wat den Design vu Couren ugeet, kéint zur Aféierung vu „Mobilitéitsfensteren“ féieren a Schwellenwerter fir optional Coure festleeën.
- D'Europäesch Kommissioun an d'Europäescht Parlament musse méi Gewiicht op den Austausch vu Mobilitéitscrediter leeën, virun allem op hir Unerkennung. En positive Schrëtt wier d'Verpflichtung vun engem Ombudsmann den déi Studente verteidege soll, deenen hir Learning Agreements net voll a ganz unerkannt goufen.
Campus Europae Student Council
Erasmus Student Network
